Sunday 17 May 2015

Réiderchers-Paprikafricassee an der Mandelzooss op Wuerzelspüree (Vegan)

Wousst dir, dass ee Réidercher net nëmme kal, mee och waarm kann zoubereeden? An et kann een déi ganz Réidche mam Gréngs benotzen.



Fir de (vegane) Püree hunn ech Gromperen zesumme mat Wuerzelen am Salzwaasser gekacht. E bësse Kachwaasser hunn ech iwwereg gelooss an hunn dat beim Stampfen no an no bäi gi fir eng gutt Konsistenz ze kréien. Dat Ganzt hunn ech matt Salz, Peffer a Muskat ofgeschmaacht.
Fir d'Fricassee: Ënnen, Knuewelék, Wierzelcher a Paprikasschnipsele ganz graff schneiden an ouni Fett an engem Dëppen "schaarf undënsten" ... Gëtt et dat? Sou hunn ech et awer gemaach fir Faarf dran ze kréien. ;-) 
Matt Geméisbritt hunn ech dunn ofgeläscht, an d'Réidercher an hiert Gréngs dra gehait. (Déi dënn wäiss Wuerzel ënnen an deen éischten Zentimeter wo d' Gréngs ufänkt hunn ech fort gebotzt.) Ech hunn dunn eng grouss Tas Mandelen zesumme matt engem gudden Zoppeläffel Britt (aus dem Dëppen) am Mixer reng gemuelen an derbäi gi fir dat Ganzt ze décksen. 

Matt Salz, Peffer an Zitroun ofschmaachen, a matt Kichekraider bestreet servéieren!

Dobäi passt eng gemëschte Wëllkraider-Gaardenzalot, mat enger liichter Olivenueleg a Balsamico- Vinaigrette an iessbare Bléien. Ei! 



No comments:

Post a Comment