Wednesday 13 May 2015

Gebrode Pissblummeknäpp iwwer Duo de Bippercher (och vegan ze maachen)

Ei, Mee. De Gaart ass voll Bettseecheg. Schlëmm, seet ären Noper? Gewass. Mir freeën eis iwwer all Pissblumm déi mer hunn! Si gesäit net nëmme super aus, matt hiren schéine gielen Bléien mee si schmaacht och nach exzellent an ass ultra gesond! Et kann een einfach alles dovunner iessen. An haut fänkt Pissblummepaarty mat de Knäpp un.
 

Plécken, 5 Minutten an den Esseg leen, raus domatt a schnell matt e bëssen Ueleg (z.B. Kokosueleg) an der Pan ubrooden - fäerdeg!
Schmaacht super iwwert engem Kraider-Knuewelek-Jughurt Dip (geet natierlech och mat Soja-Jughurt) matt gebootschten Gromperen gär och matt e puer Séissgrëmpercher.



An de Pissblummen stécht iwwregens méi Beta-Carotène wéi a Muerten!
Aner Gesond Effekter vun der Pissblumm: Si hëlleft bei Verdauungsproblemer a Blähungen a bei entzündlechen Erkrankungen vun der Bloos. Och äusserlech bei rheumateschen Erkrankungen an Ekzemen. Studien beleeë ausserdeem datt den Taraxasterol an der Blumm eng hemmend Wierkung ob Prostata-, Broscht-, Liewer-, Pankreas- an Leukämie Kriibszellen. Dat ass jo awer schonn net schlecht.
Benotzt ginn och déi jonk Blieder als Zalot oder als Bestanddeel am Smoothie. Wien et gäere méi "herb" huet, kann d'Zalot de ganze Summer iwwer iessen. 
D'Bléien ginn och e super Gebees of. Dat schmaacht wéi Hunneg. Einfach 200 Gramm Bléie vun allem Grings lass maachen, 5 Minutten an engem Liter Waasser kachen a 24 Stonne stoe loossen. Da mam Jus vun enger Zitroun a 500 gr Geléierzocker 2/1 opkachen a waarem an ausgekachte Glieser fëllen.
Am Hierscht zitt een d'Pissblummewuerzelen aus dem Buedem. Dës si räich un Inulin. Da kann een se direkt frësch als Téi iwwerbréien oder se dréchenen, oder geréischtert als Kaffiersatz benotzen.
D' Pissblumm ass eng Beiewiseplanz déi d'Beien haut dringend brauchen.
Also: Sprëtzt se net dout! (Gëft gehéiert souwisou a kee Gaart!) Geheit se net aus dem Gaart. Dir an och vill Déieren hunn eppes dervunn! D'Schleeke bleiwen och léiwer bei de Pissblumme wéi am Geméisgaart. Ee Grond méi fir se gutt iwwert de Gaart verdeelt ze loossen.

2 comments:

  1. Achtung Fuchsbandwurm!!!!!!!!!!!!!!!

    ReplyDelete
    Replies
    1. Ah! Zwee Deeg huet et nëmme gedauert bis deen éischte mengt hei Lobbyaarbecht fir d'Jeeër mussen ze bedreiwen. :-D Hei ass net d'Plaz fir eng Diskussioun iwwert Gefor vun sou Déiercher ze féieren. Dat huet well jiddereen mattkrut a jiddereen huet seng eegen Meenung dozou fäerdeg. Ech wäert mech dann och no dëser Äntwert net wëlle weider ameséieren Iech meng Meenung ze vermëttelen. Et ass einfach eng Fro vu informéiert sinn oder Angscht ze hunn (oder gemaach ze kréien). Am geféierlechsten ass de Bandwuerm fir de Mënsch wann en d'Eeër iwwert Stëps anotemt. Dëst geschitt, wann iwwerhaapt, haaptsächlech ob eidelen Felder wann de Bauer mam Trakter driwwer fiert. Soss ass et méi wahrscheinlech datt dir am Lotto 6 richteger hutt (wat ech Iech géing wënschen) wéi datt dir duerch Pissblummen aus dem Gaard géingt de Bandwuerm kréien. (Wat ech Iech net wënsche géif... ;-) ). D'Gefor vun der Infektioun beim Iessen, souguer bei Iesssaachen aus dem Bësch, ass minim. Dat kënnt dir ënner anerem hei, awer och op 100 anere Plaze noliesen: http://goo.gl/lQeu7U
      Déi gréisste Gefor sinn d'Hënn. Villäicht missten déi da verbuede ginn, huelen ech un? ;-) Hei: http://goo.gl/KyTVgf an hei: http://goo.gl/oi7BBp fannt dir d'Info.
      Ech kenne Leit déi sait 20 Joer Wëllkraider sammelen, an och direkt am Bësch iessen... Et ass nach kengem eppes geschitt. Näischt fir ongut, dee keng Wëllkraider wëll sammelen soll et si loossen, tralala! ;-) Leben am Limit hihi!

      Delete