Sunday 24 May 2015

Sëlwerdaler op gebrodenem Räis (vegan)


Villäicht huet är Boma d'Sëlwerdaler gedrëchent an der Stuff stoen?

De Sëlwerdaler ass eng al Baueregaartsplanz, déi sech als akzeptéiert Onkraut agebierget huet. Iwwerraschung: Vum Sëlwerdaler kann een alles iessen!























Rezept: Haut hunn ech Räis am liicht gesalzene Waasser gekacht. Fir d'Faarw a fir d'Gesondheet hunn ech frësch Kurkumawuerzel an d'Kachwaasser geraspelt.
Mmmh... ;-)

Ënnen, Knuewlék, Paprika a Muerten klenggeschnidden an an der Pan ugebroden, dann e bëssen op d'Säit gedréckt fir just 1/2 Minutt déi frësch gepléckte Sëlwerdaler vun all Säit eng Kéier kuerz unzebroden, sou datt se sech eng Kéier opplusteren. Huelt se da raus a gitt de Räis bei déi aner Saachen an d'Pan fir en eng Kéier unzebroden.

Mat Sojazooss, Sesamueleg a Peffer ofgeschmaacht a matt de Sëlwerdaler, Péiterséileg, Koriander an Alliumbléien bestreet servéieren.

An et geet nach méi: Déi jonk Stiller an d'Blieder vunn der Planz, éier se an d' Bléi kënnt, kann een ofpëtzen, an am Salzwaasser 2 Minutte kachen. Dat zerwéiert een da matt geréischterte Mandelen. Schmaacht gutt, wann och e bësse batter. Déi schéi mof Blumme maache sech da wonnerbar op Zaloten, an d'Dalere gi réi giess oder schnell an der Pan ugebroden.  De Gôut ass liicht batter/schaarf an gläicht deem vu Réidercher.

Sou gesäit de Sëlwerdaler aus wa seng Schote dru sinn. Ënnen erkennt een och nach seng schéi mof Blummen.

Ze verwiesselen ass dëst Kraut kaum. A jonkem Stadium gläichen d'Blieder deene vun der Knuewléksrauk, déi ower och iessbar ass.

Ähnlech Schoten, ower méi kleng a méi spéit, kritt d' Lauch-Scheibenschötchen, mee och déi ass iessbar. Also keng Gefor. ;-)



Knuewléksrauk huet sou ähnlech Blieder.
Wéi den Numm et seet, schmaacht si e bëssi no Knuewlék ass ower liicht batter.















No comments:

Post a Comment