Sunday 17 May 2015

Waldmeister-Limonade

Huch, wien ass dann do schonn an der Bléi?
Héich Zäit déi éischt Waldmeister-Limonade fir dëst Joer ze maachen!


D'Meekräitchen (Waldmeister) kritt säi volle Gôut réicht wann en e bëssi "wielech" ("angewelkt") ass. Ech hat Gëschter Moien de Waldmeister (5 Stiller mat Bléien) gepléckt an haut de Moien hunn ech e matt engem Liter kale Waasser iwwergoss. Eng Grëtz Agavendicksaft dragesprutzt, geréiert, 5 Minutten zéie gelooss: Fäerdeg! ;-)

D'Meekräitchen ass e richteg schéine Buedemdecker fir eng Plaz am Schied! Hei ass e bei eis ënnert der Blutpflaume. Et ass ëmmer flott Planzen am Gaart ze hunn déi een och fir iirgendeppes notze kann. 
:-D 

E bësse Waldmeister geet duer fir eng Flëssegkeet (och gäer Vinaigretten) ze aromatiséieren.
Et soll een es net zevill huelen, well ee soss vläit de Kapp dovun wéi kéint kréien. Mee do muss een dann awer scho richteg dra falen. ;-)

No comments:

Post a Comment