Thursday 14 May 2015

Wellkraider an Mandelkärsugo ob Miel-Kniddelen (Vegan)

D' Fréijoer ass einfach grandios!!
Souvill Zorte Wëllkraider am Gaart, dass een net weess matt wéi engen een dës Kéier soll kachen!
Ech hu mech duerfir kuerzerhand fir gläich e puer entscheed an hunn decidéiert dass et Kniddelen dobäi ginn... där gouf schonn éiweg keng méi! ;-) 
-Guter Heinrich
-Lauchscheibenschötchen
-Brennessel
-Taubnessel
-Rankspinat
-Sauerampfer
-éischt Melde Blieder
-geséinte Kultur Spinat
Déi landen haut matt enger Zwibbel a Knuewelek an der Pan! Undënnsten, dann zwee Glieser Waasser an zwee déck Iessläffele Mandelmus drop. 5 Minutte kächele loossen. Matt Zitroun, Peffer a Salz ofschmaachen. Fäerdeg!
Fir d' vegan Kniddelen hunn ech hallef Weessmiel e véierel Vollkorn-Speltzmiel an e véierel Kichererbsenmiel matt Waasser + 2 Iessleffele Chia-Som, 1 Iessleffel Lein Som, Salz, enger Prise Kurkuma, Kreuzkümmel a Paprika zu engem déckflëssegen Deeg geréiert (Wann een de Läffel erauszitt sollt den Deeg net ze flësseg eroflafen) 10 Minutte stoe loossen.
D'Waasser soll net méi kache wann een se Läffel vir Läffel an d' Waasser gëtt.

Hunn se matt Péiterséileg e bëssi Paprika a Pissblummebléieblieder bestreet servéiert ;-)

Wann dir Herbizide spretzt wuesse leider keng Wëllkraider an ärem Gaart. Di meeschte Wëllkraider wëllen nët zevill gedüngt gin. Alpenampfer am Gaart ass een Zeeche vun Iwwerdüngung. Brennnessele weisen dass vill Stéckstoff am Buedem ass. Denkt drun keng Fungiziden an Insektiziden ob är Saachen ze sprutze wann dir se mat guddem Gewësse wëllt iessen!



No comments:

Post a Comment