Friday 29 May 2015

Hausmaacher Tofu

Fir vill Leit ass Tofu eng fad, labberesch Affär; een onattraktive Fleeschersatz. Selwer gemaach a richteg preparéiert ass Tofu awer en eegestännegt Liewensmëttel an eng Delikatess!

Tofu ass einfach ze maachen! Et brauch ee just Sojabounen, Waasser an Zitrounejus! Da kënnt nach e bëssi Thymian (oder soss e gedrëchent Kraut) a Salz oder Sojazooss matt dran.


D'Sojabounen (300gr) ginn op d'mannst iwwer Nuecht (gär och méi laang) ageweecht, an da matt 2 Liter Waasser an engem gudde Mixer (Blender) reng gemixt an duerch een Nylon an en Dëppen geschott (wat iwwereg bleift ass réien Okara, matt deem léisst sëch gutt baaken).

Dës réi Sojamëllech gëtt elo ënner Réieren opgekacht. (Opgepasst, näischt kacht méi séier iwwer oder brennt méi séier un wéi Sojamëllech. Mee wann ee réiert an d'Temperatur reguléiert ass alles einfach.). Dann eng 10 Minutte bei niddrecher Temperatur viru sech hi simmere gelooss. Heiansdo ëmréieren, fäerdeg ass eng déck Sojamëllech.

Déi kann een elo drénken, oder eben Tofu draus maachen.

Duerfir d'Mëllech wierzen wéi een et gär hätt. Da gëtt se op 73 Grad  erhëtzt. Loosst dann de Jus vun enger 3/4 bis 1 Zitroun eralafen. Just mat engem Holzläffel ganz kuerz a virsiichteg d'Zitroun ënnerréieren. Dir erkennt da schonn wéi d' Eewäiss gerënnt! :-D Den Deckel drop, 10 bis 15 Minutten waarden an dat ganzt nees duerch een Nylon oder Duch schëdden. Opgepast: Bamwoll quellt bei Fiichtegkeet an da leeft do net méi vill duerch. ;-)

Iwwereg bleift Sojamolke am Deppen, an am Duch den Tofu, deen lo just nach muss a Form gepresst ginn. Mir hunn dofir 2 Dëppercher benotzt déi aneneen passen. An eent hu mer Lächer gebuert.

Do kennt elo den Nylon mam Tofu dran, den Nylon gëtt zougeklappt an dat zweet Dëppchen uewendropgedréckt a matt Bicher oder soss eppes beschwéiert. 30 Minutten stoen loossen. Den Tofublock eraushuelen, an 30 Minutten a kaalt Waasser leeën. Dat hëlt dee battere Sojagôut eraus! Fäerdeg! Et ass net schwéier, mee et brauch een e bëssi Zäit. ;-) Mee deen Tofu schmaacht ganz anescht wéi kaaftenen an huet eng super Konsistenz!

Am bëschten schmaacht dësen Tofu 2 Minuten am Damp gekacht an dann vun all Säit am Kokosueleg ugebrooden. Waarm am Curry, oder kaal als Zalot!

D'Selwermaachen léisst een seng Iesswueren méi respektéieren: Et ësst een net all Dag Tofu wann een e selwer muss maachen. ;-) Ausserdeem spuert een sech déi ganz Zousazstoffer, vill Suen an eng Iett Plastik.

Wousst dir schonns: Nëmmen 6% vum Sojaubau weltwäit sinn als Iesswuer fir de Mënsch bestëmmt. De Rescht geet gréisstendeels an d'Déieremast... fir dann zimlech inneffektiv dorausser Fleesch ze produzéieren!
D'Schafung vu MonokulturenInsektizidasatzHerbizidasatz an Fungizidasatz sinn eng Folleg vun eisem Iessverhalen.
Wa mir probéieren sou oft ewéi méiglech ob déieresch Produiten ze verzichten kënnen mir zesummen eppes op eiser Welt änneren, ouni duerfir musse manner gutt ze iessen... ;-)

Ech sinn iwwerzeegt: Mir kënnen als Mënsch d'Natur net besser maachen wéi se ass. Wat mir mussen léieren ass respektvoll a mat Verstand mat hir ëmzegoen, an hire Rhythmus ze verstoen an eisen Notzen drun unzepassen.

No comments:

Post a Comment