Wednesday 27 May 2015

Zoue Bäreklaubléie matt Orangefileten an der Sesamuelegvinaigrette (vegan)

De Bärenklau ass meeschtens déi gréisste Planz an enger wëller Summerwiss. An dat ass dësem Exemplar zum Verhängnis ginn, well ech hunn e geplëmmt. Dës Planz ass extra lecker, a gehéiert probéiert! ;-)




Ech hunn déi nach zoue Bléien ofgeschnidde, gewäsch, 4 Minutten am Damp gekacht an dann an engem Kichepapeier drëche gedréckt.
Dunn hunn ech eng Orange filetéiert. (Duerfir hunn ech se geschielt, dann d'Haut ronderem ofgeschnidden a matt engem schaarfe Messer laanscht d'Wänn vun den Zéiwenageschnidden. Schonns huet ee schéi Fileten.) Dunn hunn ech déi ofgeschnidde Deeler geholl, an an der Fauscht de Jus an eng Schésselchen gedréckt. Do kommen dann nach Salz, Peffer a Sesamuelech dran, a fäerdeg ass d'Vinaigrette. :-D

Ech hunn dës iwwert de Bärenklau geschott, frësch geréischtert Mandelblieder an Kuckucksoeilleten driwwergestreet (déi schéin iessbar Blummendeko), an zervéiert.

Erkennen deet een de Bärenklau u senger Gréisst an un der gezackter Blatform. Déi ganz Planz ass hoerech, an de Still vun de Blieder ass oval wann een en duerchschneid. De Still wou d'Bléien dru sinn ass huel a ronn. Ganz typësch ass säi Geroch an Gôut.

De Goût vum Wëllkraut as wierzeg an erënnert un eng Mëschung aus Muerten, Zelleri a Mandarinnen mat engem Hauch Neelcheskäpp. Wat een un der Planz  verwäert hänkt vun der Joreszäit of. Fir 't éischt pléckt een déi jonk Blieder zesumme mam Still. D'Stiller kann een och réi iessen wa se nach nët verholzt sinn. Déi schmaache séiss.

Méi spéit (lo ;-) ) pléckt een déi nach zoue Bléien. De Goût vun dësen am Damp gedënst, errënnert och e bëssi u Brokkoli an Artichoken. No der Bléi kann een den aromatesche Som sammele goen, a fir séiss oder defteg Platen benotzen.
Ob dëser Foto e bessen schwéier ze erkennen, di grouss Blieder an déi nach zoue Bléi

Esou gesäit déi nach zoue Bléi aus

D'Blieder vum Bärenklau si grouss, a mol méi, mol manner gezackt

Den 0,8 bis 1,2 m héigen eenheemëschen Bärenklau ass wéinst sengem Cousin, dem 3,5 Meter héije kaukaseche Riesen-Bärenklau a Veruff geroden. Dee Riesegesell huet sech als invasive Neophyt agebiergert, an ass a senger Phototoxizitéit vill méi staark wéi eisen eenheemesche Bärenklau; ausserdeem ass dëse wéinst senger immenser Gréisst op Gesiichtshéicht net ze iwwersinn.
Eng Verwiesslungsgefor besteet wéi gesot just matt dësem. Mee beim Riesen-Bärenklau ass de Still gréng-bordeaurout gefleckt, a séng Blieder sinn tëschen 1 bis 3 Meter laang a vill méi spatz.

Wien empfindlech Haut huet sollt ower och Händschen bei eisem Bärenklau undoen. De Mëllechjus kann a Kombinatioun matt der Sonn eng phototoxesch Reaktioun op der Haut ervirruffen.
Dofir einfach Händchen un beim Plékken, an et ass alles gutt! ;-) Loosst Iech net ofschrecken. Et lount sech!

No comments:

Post a Comment