Hausmaacher Tofu

Hausmaacher Tofu: Ass ganz einfach ze maachen! Et brauch ee just Sojabounen, Waasser an Zitrounejus! (Bei mir koum nach e bëssi Thymian a Salz matt dran)

Also, d'Sojabounen (300gr) ginn op d'mannst iwwer Nuecht (gär och méi laang) ageweecht.
Da matt 2 Liter Waasser gemixt, duerch een Nylon an en Dëppen geschott (wat iwwereg bleift ass réien Okara). Dës réi Sojamëllech gëtt elo ënner Réieren opgekacht. (Opgepasst, näischt kacht méi séier iwwer oder brennt méi séier un wéi Sojamëllech. Mee wann ee réiert an d'Temperatur reguléiert ass alles einfach.). Dann eng 10 Minutte bei niddrecher Temperatur virun sech hin simmeren gelooss. Heiansdo ëmréieren, fäerdeg ass eng déck Sojamëllech.

Déi kann een elo drénken, oder z.B. Tofu draus maachen.

Duerfir d'Mëllech würzen wéi een et gär hätt. Da gëtt se op 73 Grad erhëtzt. Loosst dann de Jus vun enger 3/4 Zitroun eralafen. Just mat engem Holzläffel ganz kuerz a virsiichteg d'Zitroun ënnerréieren. Dir erkennt da schonn wéi d' Eewäiss gerënnt! Den Deckel drop, 10 bis 15 Minutten waarden an dat ganzt nees duerch een Nylon schëdden.

Iwwereg bleift Sojamolke an am Netz den Tofu, deen lo just nach muss a Form gepresst ginn. Mir hunn dofir 2 Dëppercher gebraucht déi aneneen passen; an eent hu mer Lächer gebuert. Do kennt elo den Nylon mam Tofu dran, den Nylon gëtt zougeklappt an dat zweet Dëppchen uewendropgedréckt a matt Bicher oder soss eppes beschwéiert. 30 Minutten stoen loossen. Den Tofublock eraushuelen, an 30 Minutten a kaalt Waasser leeën. Dat hëlt dee battere Sojagôut eraus! Fäerdeg! Et ass net schwéier, mee et brauch een e bëssi Zäit. ;-) Mee deen Tofu schmaacht ganz anescht wéi kaaftenen an huet eng super Konsistenz!

D'Selwermaachen léisst een seng Iesswueren méi respektéieren: Et ësst een net all Dag Tofu wann een e selwer muss maachen. ;-) Ausserdeem spuert een sech déi ganz Zousazstoffer, vill Suen an eng Iett Plastik.

Wousst dir schonns: Nëmmen 6% vum Sojaubau weltwäit sinn als Iesswuer fir de Mënsch bestëmmt. De Rescht geet gréisstendeels an d'Déieremast... fir dann zimlech inneffektiv dorausser Fleesch ze produzéieren!
D' Schafung vun Monokulturen, Insektizidasatz, Herbizidasatz an Fungizidasatz sinn eng Folleg vun eisem Iessverhalen.
Wa mir probéieren sou oft ewéi méiglech ob déieresch Produiten ze verzichten kënnen mir zesummen eppes op eiser Welt änneren, ouni duerfir musse manner gutt ze iessen... ;-)

Ech sinn iwwerzeegt: Mir kënnen als Mënsch d'Natur net besser maachen wéi se ass. Wat mir mussen léieren ass respektvoll a mat Verstand mat hir ëmzegoen, an hire Rhythmus ze verstoen an eisen Notzen drun unzepassen.

Gutt, d'Chemiker vun Monsanto, Bayer a co missten sech Ëmschoulen loossen, mee firwat solle mir all dorënner leiden dass virun 100 Joer déi falsch Entscheedungen getraff gi sinn? Selwer maachen an säi Gaart gutt iwwerluecht beplanzen hëlleft zesumme fir e gëftfräit Ëmfeld fir eis alleguer ze schaffen.

No comments:

Post a Comment