Tuesday 26 June 2018

Mir hunn eng nei Säit!

Déi nächst Posten fannt dir op:

Lëtzebuergesch: www.WatDeBauerNetKennt.lu

oder op Englesch: www.wdbnk.com

Mir freeën eis Iech do zréck ze begéinen ! Bis direkt! ;-)


Tuesday 12 June 2018

Alea iacta est! Et gëtt Dessert! Rubus cubus maximus! (vegan)


Schneekerei! Ei!

Haut hate mir frësch Hambieren am Haus, an do huet et geheescht: Alea iacta est! - Die Würfel sind gefallen. :-D  Duerfir e schnelle vegane Bisquit-Deeg gebak a mat enger Hambierglasur iwwerzunn.



Fir de Deeg brauch een:


  • 225 g Miel
  • 170 g Pudderzocker
  • 1/2 Téiläffel Kurkuma
  • 250 ml Spruddelwasser (richteg gutt spruddeleg!! kee medium)
  • 5-6 Iessläffelen Ueleg (Raps- oder Sonneblumenueleg)
  • 1 P. Reinweinstein
  • 1 P. Vanillszocker
  • 1 Pouz Salz




Schäffchen ob 180°C Ëmloft virhëtzen.
An enger grousser Schossel d’Miel, den Zocker, de Kurkuma, de Vanillszocker, d'Salz an de Reinweinstein gutt verréieren.

Dann den Ueleg ennerréieren an d’Spruddelwaasser lues ennermëschen dass d’Spruddelen nët zefill verfléien :-).

Eng véieréckeg Kucheform afetten, mat Miel ausklappen an den Deeg draginn.

Dat däerf lo 25-30 Minutte baken.

Et ass iwwregens derwäert sech eng véiereckeg Metallen Sprangform zouzeleen, duerch de Rand deen ee kann opdrécken, léisst de “Bisquit” sech ganz liicht eraushuelen. Den Deeg verhält sech komplett aanescht an enger Silikon Form a bäckt nët sou gutt duerch, an esou enger muss ee quasi 35-40 Minutte Bakzait arrechnen, an eventuell di läscht 10 Minutten ofdecken.

Mat engem Stäbchen testen, ob den Deeg duerch as. Duerno ob enger Hietchen ofkille loossen.

Fir den Hambierzockergoss:


  • 125 g (+ e Grapp fir Deko) Hambieren
  • 500 g Pudderzocker
  • 1 Pak Kokosflacken




D’Hambieren ginn am Mörser reng gemätscht. Dora ginn 2 Iessläffelen kachend Waasser ageréiert, an ët gëtt 2 Minutte stoe geloss.

Da ginn d’Hambieren duerch eng Passette gedréckt, fir dass keng Käre matkommen.

Dëse Jus gët mam Pudderzocker verrouert, sou dass een décken Zockergoss entsteht.

De Kuch gett a Wierfele gedeelt, mat dem Zockergoss bestrach an an de Kokosflacke gewänzelt.
Drop kënnt nach e frëschen Hambier. Ommnommnomm ;-)




D'Saiert vum Hambier passt immens gutt bei d'Kokosnossflacken. Zéckt net! Et lount sech!


Monday 11 June 2018

An 10 Minutte gekacht: Asiatesch Glasnuddel-Brennnesselszopp (vegan)

Haut ass nees Zait fir e bëssi Brennnesselgoodness… des Kéier mat Asia-Flair :-)


https://payhip.com/b/otEN

Fir dës lecker 10 Minutten-Zopp brauch een:


  • 2 Liter Waasser
  • 2 geheeften Iessläffelen Geméisbrittpolver
  • e Pak Glasnuddelen
  • 1 Fréijoersënn
  • 1 Muert
  • 1 Zitrounegras
  • 1 kleng Saibecke Brennesselspëtzten
  • Sojazooss a
  • gehackte Nëss (z.B. Mandel, Afennëss…)


A lass:
D’Wasser gëtt mat dem Brittpolfer, dem Zitrounegras, der geschniddener Wuerzel, an dem klenggeschnippelten hellen Deel vun der Fréijoersënn opgesat.
Wann d’Britt kacht fléien d’Glasnuddelen an d’ Brennnesselspëtzen dran. Déi sinn an 3 Minutte fäerdeg.

Fir ze zervéieren kommen di geréischtert, gehackten Nëss, e Schotz Sojazooss, an de Rescht vun der Fréihjoersënn driwwer.

Dobäi passt natirlech och frësche Koriander :-)

Dat ass alles keng Affär, a séier geschitt. Vill Spaass beim Nokachen an e gudden Appetit!

Sunday 10 June 2018

Gänsefouss Geméis - E sou eppes Fäines! (vegan)

E ganz schnell gekachtend an immens leckert Geméis ass de Gänsefouss (Chenopodium/Melde).

Hei hu mir elo e Chenopodium Giganteum, eng extra Zort mat roude Blieder. Et ginn eng ganz Reih Zorten, déi all d'selwecht präparéieren kënne ginn wéi zum Beispill och de wäisse Gänsefouss, dee wiist op all (awer wierklech op all) Eck. De Chenopodium ass iwwregens d'Wëllplanz vum Mount Juni 2018 op eiser englescher Säit www.wdbnk.com ! An et ass och eng vun de 5 wëlle Geméiszorten déi an eisem neien eBook virgestallt ginn.

Ass irgendwou eng Plaz wou de Buedem broochläit, wou eng Baustell war, laanscht Weeër, oder am Gaart… quasi iwwerall wiisst e wann e gelooss gëtt ;-)

Gepléckt ginn déi iewescht Spëtzten, dann huet ee bis an de spéiden Hiescht eppes vum leckere, wëlle Geméis.


Hei dann d'Rezept fir d'Geméis:

Am Dëppen broden ech eng gehackten Zéif Knuewelék. Do dra flitt dann de gehacktene Gänsefouss. (Dat klengt onméiglech oder? :-) )
Gewierzt gëtt mat Salz, Peffer a Muskat. Am Mixer ginn e Grapp Cashewen mat engen Téiläffelche Geméisbrittpolver a 500 ml Waasser gemixt. Dat gëtt dann iwwert de Gänsefouss geschott.

2 Minutte brutschele gelooss, a fäerdeg. Ofgeschmaacht gëtt mat engem Sprëtzer Zitroun.

Mhhh lecker :-)

Saturday 9 June 2018

En aalt Geméis an engem neie Plat: Mangold-Curry (vegan)

Ech weess net wéi oft ech schons gefrot gi sinn wat ee mat Mangold ka maachen. Anscheinend ass en zimmlech onbekannt. Wann een da mol eppes héiert, dann ass et "et ass ewéi Spinat, oder?". Dobäi ass et éischter eppes wéi Routrommels-Geleef. Haut da mol e Rezept mat dësem gaaanz ale, leckere Geméis.

https://payhip.com/b/otEN

Fir dësen immens leckere Curry braucht dir:

  • 1 Bond Mangold
  • 1 Ënn
  • 1 Zéif Knuewelék
  • Kokosueleg
  • 1 Grapp Cashewen
  • 2 Läffele Currypolfer
  • 1 Läffel Brittpolfer
  • 1 Läffel Tomatemuerg
  • e Grapp kleng Tomaten
  • Salz a Peffer
  • Zitrounegras
  • Sonneblummekären
  • 1 Zitroun

De Mangold gëtt kleng geschnëppelt a gëtt am Salzwaasser 3 Minutte blanchéiert.
An engem Dëppen gëtt d’Ënn an de Knuewelék am Kokosueleg ugedënst. Do dra flitt de Currypolfer, e Läffel Brittpolfer, d’Zitrounegras an e Läffel Tomatemuerg.

Dat Ganzt gëtt dann ofgelescht mat dem an 0,75l Waasser gemixtenen Cashewen. An d’Zooss kommen dann di kleng geschnëppelt Tomaten an de Mangold. Dat därf lo nach 2 Minutte brutschelen.

Ofschmachen mat Salz, Peffer an Zitroun an zervéieren matt geréischterten Sonneblummekären a Räis. E Gedicht. En alt Gedicht. E gutt Gedicht. :-)

Friday 8 June 2018

Rübstiel? Stielmus? (Bal) egal! Lecker! (vegan)

Haut gëtt et een aalt Geméis: Rübstiel/Stielmus. Immens gesond, super lecker, quasi vergiess. Et brauch knapps 3 Woche fir ze wuessen, an ass domat e séiere Vitaminne-Liwwerant!





Fir 't éischt schneide mir Wuerzelen, Ënnen a frësche Knuewelék graff. Dat flitt an eng Pan mat Kokosueleg.

Dobäi kommen jeweils en Iessläffel

  • Koriander
  • Ingwer
  • Chilli
  • Hiefflacken
  • Kurkuma
  • Salz

an e bësse schwaarze Peffer.

Da kënnt de graff gehackte Stielmus derbäi a Sojazooss driwwer. Fir d'Séisst e gudde Strutz Agavendicksaft drop. De Stielmus zerfällt relativ séier. Et kann een des no an no an d'Pan ginn. Da kënnt den Deckel drop.

Am Waasser ginn d'Udon-Nuddele gekacht (3 Minutten). Déi Zäit an engem Dëppen ouni Fett e Grapp gehackte Mandele réischteren a fäerdeg ass d'Iessen!

Keng zing Minutten, an alles ass um Teller. Da so mol een frësch a gesond Kache wier opwänneg. ;-)

https://payhip.com/b/otEN

Wednesday 6 June 2018

Hausmaacher vegan Sauerrahm

Vegan Sauerrahm!? Omnommnomm :-) Hausmaacher vegan Sauerrahm ass lecker op enger gebakener Gromper, oder op Gebootschtenen oder op Nuddele mat Tomatenzooss oder op der Schmier, oder op dem Fanger... :-D Sauerrahm eben. Omnommnommnomm!


Dir wëllt der och? Dat geet!Awer net vun Haut op Muer. Vun Haut op Iwwermuer, jo. Dat geet. An duerfir braucht Dir:
260 Gr. Cashewen
300 ml Waasser
1 Tiitchen probiotesch Kulturen
1/2 Zitroun
Eng Pauz Salz

D’Rezept ass ultra einfach; et muss een där Saach just eben 48 Stonnen Zäit ginn.

Mee wann een dann sou ee schéine Rythmus draus mecht huet een ëmmer super crèmegen, leckeren, gesontenen, tryptophangeluedenen, vegane Sauerrahm am Haus! Oh jo!

Also. 260 Gr. Cashewen gi mat kachendem Waasser iwwergoss, an eng Stëndche weeche gelooss. Da gi se ofgeschott, a mat 250 ml Waasser glat gemixt. Dodra gëtt eng Tiitchen probiotesch Kulturen aus dem Biobutték ageréiert. Dat Ganzt däerf dann 48 Stonne raschten.

Duerno kënnt e bëssi Salz, an de Jus vun 1/2 Zitroun dran. Zack Sauerrahm!

Fir op d’Gromper däerf dann nach eng zerdréckten Knuewelékszéif, Salz a Peffer, nach e bëssi Zitrounejus, eng Fréihjoersënn, Péiterséilech a Saueramper dran. Mmhhh...


Hat ech Recht? Ass dat einfach? Jo, gell? An Dir hutt et nach net geschmaacht! Duerfir: Ausprobéieren a mir Bescheed ginn wat Dir dovunner halt!